VERÄINER

 

E gudde Lëtzebuerger brauch

Net nëmmen eppes fir säi Bauch,

Wéi Béier an en Zoossisswupp,

Mä avant tout e Jickeclub.

 

A kuck, e bascht aus alle Schwaarten

Mat alle senge Memberskaarten.

Jo, sief säi Kaff och nach sou kleng,

Hien huet fir jiddwer Owend eng,

Als aktiv, passsiv, jee nodeem --

An och als Ausried fir doheem ...

 

Mä soit - déi latzegst Éireplaz,

Déi ass à long terme net fir d’Kaz -

Esou sinn dann och garantéiert

D’Ministeren an d’Deputéiert

Bei Sport, Kultur an hei an do

Keesse-Revisor, Porte-Drapeau,

Ewell wéi kéime si soss nëmmen

Un all déi vill a kéipweis Stëmmen?!

 

De Comité ass fir all Member

Sou honorabel wéi eis Chamber,

D’Statute sinn d’Drëtt Testament

An d’Fin de Carrière President,

Dee fir säin Namensdag gëéiert

E Fierkel an e Faass spendéiert,

Well all Veräin ass décke Gas

Bei Teller, Sabbelduch a Glas ...

 

Ower déi héchst Apotheos

Sinn d’Medailë fir Jang a Klos!

Ob s de d’Tombola fechte gees,

Um Grillfest bei de Wuppe stees,

Jee, fir all Supplément do kritt

Ee gläich den Ordre du Mérite -

A sonndes gëtt dermat geréngelt

An deen un d’Sabbelduch gespéngelt.

 

O Lëtzebuerg, du kanns dech weisen

Bei de Fransousen, Belschen, Preisen,

Well kuckt no alle Säiten hin:

Ee Gléck, dass et Veräiner ginn!

Jo, ‘t ass de Stolz vum Duerf, wat eng!

An de Subsid vun der Gemeng,

Deen ass héich sozio-kulturell

An international, ewell

All Jor hält domat de Veräin

En Euro-Sommet op dem Rhäin ...

 

A ganz seriö - keen zweifelt dorun,

In saecula et saeculorum.

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)