BIERGERINITIATIVEN

 

Fir brav ze kuschen an ze schlécken –

Hee, Moie Misch! Wou kënns de hier?

Zu allem Jo an Amen soen –

Ma Quetschen och! Mä net mat mir!

Een, dee sech selwer respektéiert,

Net nëmme sech der Loft no dréint,

Sicht iergendzwousch no iergendeppes

An ass dann einfach do dergéint.

 

Dach, trau dech Watgelift ze houschten!

Schlo mat der Fauscht mol op den Dësch!

Géint Chrëschtdags- an Neijooschdagskaarten,

Géint ze vill Sprenzen an dem Fësch,

Géint frëschen Hondsdreck op dem Trottoir,

Géint d’Euromënzen, Täsche voll,

Géint Nop’ren, déi falsch Piano spillen

A géint ze vill Cholesterol.

 

Géint d’Coiffeuren, déi ze vill schnëssen,

Géint sonndes Reen a géint Heeschnapp,

Géint all déi Timbre fir ze lecken

A mueres géint den décke Kapp.

Allons enfants de la patri-e!

E Vollek, dat brauch Rebellioun.

An sou hu mir da wéi d’Fransousen

Och endlech eis Revolutioun.

 

 

2003 - REVUE "Hannert de Kulissen" - Musek: Erny Delosch