STATISTESCHES

 

Tabellen, Prozenter - do kuckt der, ah jo!

Statistik, déi ass in!

Tabellen, Prozenter - dat mierkt der elo,

Statistik, déi muss sinn!

 

Hei, kënnt e klenge Fierzche mol,

Mon Dieu, eng Grëtz verkéiert,

Scho gëtt e repräsentativ

Statistesch evaluéiert:

E gëtt no jiddwer Point de Vue

Verprozentualiséiert

A mam globalen Effektiv

Nach graphesch illustréiert ...

 

Vu Konjunktur an Inflatioun,

Vu Schoul a vu Finanzen,

Vu Kierchegänger oder net,

Vum Staat am grousse Ganzen,

Vu schwaacher Blos a Galesteng,

Vum Sout a vu Kolliken -

Jo, dat ass déi grouss Olympiade

Vun eise Statistiken.

 

Wat geet de Lëtzebuerger sech

All Jor an d’Solde kafen?

Hu mir all véierten am Land

Mat falschen Zänn do lafen?

Um wéi vill Auer mir eis owes

An den Diwwi wécklen

A wéi dacks, national gesinn,

Dach ower vläicht nach frécklen …

 

Do kuckt der lo, mä mir si blouss

Statistesch Elementer:

A wat geschitt, passéiert no

Tabellen a Prozenter,

An ass dee leschte laut der Norm

Fir am Abrëll begruewen,

Eh bien, da gëtt einfach net méi

Bis ufanks Mee gestuerwen.

 

Tabellen, Prozenter - gesitt der, ah jo!

Statistik, déi ass in!

Tabellen, Prozenter - verstitt der elo,

Statistik, déi muss sinn!

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)