ASSURANCEN, ASSURANCEN !

 

't ginn Assurancë jo en masse,

Fir jiddwer Dommheet kriss de eng:

Géint Explosioun a Bris de glace,

Piraten a géint Knëppelsteng.

Wann een der mol deng Klacken zoppt

An och wa mol däin Diwwi brennt,

Jo, ass eng Mimmche mol verstoppt -

An hoppla kënnt schonn den Agent!

 

Jo, mir hunn investéiert,

A wann lo d’Welt och ënnergeet,

D’Haaptsaach, mir si gutt assuréiert -

De Rescht ass eis esou laang wéi breet.

 

Mat zwou, dräi lapp’ger bass de wéi

All Jänni, Männi, Klos an Tun -

Mä hues do där Dénger méi,

Da fänkt den héije Standing un.

Déck, masseg Assurancen, ei,

Mécht Impressioun an ‘t gëtt de Flair

Vu bess’rem Pak an Haute-Volaille -

Trotz mëttes nëmme Spigelär.

 

Jo, mir sinn assuréiert,

A wann lo d’Welt och ënnergeet,

All Garantie ass garantéiert -

De Rescht ass eis esou laang wéi breet.

 

Mä meeschtens, et mécht guer kee Spaass,

Passéiert jo fir d’Vrecken näischt.

De Foyer an d’Luxembourgeoise,

Déi laache sech dann all an d’Fäischt.

Mä déi hunn eis fir d’lescht lo kritt,

Mir maachen do eng Kasko drop,

A wann eis nees rëm näischt geschitt,

Kënnt déi da wéinstens duerfir op …

 

Jo, mir hunn investéiert,

A wann lo d’Welt och ënnergeet,

D’Haaptsaach, mir si gutt assuréiert,

De Rescht ass eis sou laang wéi breet.

 

 

2000 - REVUE "Décke Buttek" - Musek: Guy Kleren