DAT IMPRESSIONNÉIERT !

 

E Jänni a Männi ass einfach a rabbleg,

E kënnt ewéi keen do a lieft esou sabbleg.

Mä wann een da selwer aus sech eppes mécht,

Mäi Gott, och wann hannert der Heck net vill stécht -

‘t ass ëmmer d’Verpackung, déi representéiert,

Duerfir mécht dat gutt

An dat impressionnéiert!

 

Jo, iessen an drénken, dat mécht all Mënsch gären,

Mä wann ech gelift blouss bei dräi, véier Stären,

Blouss mat Bocuse d’Or a mat Grand Premier Cru,

A wann der och no deem Aacht-Garçon-Menu

Nach bei enger Frittebud heemlech passéiert -

Mä ‘t mécht ëmmer gutt

An et impressionnéiert!

 

Eng Ënnerschrëft duerf een net liesen ze kënnen,

Eng Ënnerschrëft, neen, déi verwonnert just ënnen.

Zwou Krénglen, e Krop, ‘t ass sou laang ewéi breet,

E Punkt an e Stréch an de Jitzki, dee steet.

D’Haaptsaach, du weess selwer nach, weem e gehéiert -

A wann och mol net,

Mä et impressionnéiert!

 

Fir d’Konversatioun muss et knëppeldéck kommen,

An all Mënsch rondrëm denkt: Dat do ass keen Dommen!

Geschwollen héich Rieden, a passen s’ och net,

Zitater en masse, déi et mol guer net gëtt,

Well d’Konscht ass: näischt son, mä genial formuléiert -

Dat mécht ëmmer gutt

An dat impressionnéiert!

 

E Calepin am Grapp hunn, jo, dat ass schon dichteg,

An ëmmer dra bliedren, dat mécht nach méi wichteg.

E Calepin wëllt soen: gestresst a gehäit,

E Calepin, dat heescht: ausgebucht a keng Zäit,

Souguer fir op d’Dëppche gëtt hie consultéiert,

Du méchs zwar an d’Box –

Mä et impressionnéiert!

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)