GENERALVERSAMMLUNGEN

 

All Spuerveräin „Um leschte Lach“,

All Keeleclub „Déi Wëll beim Trach“,

F.C. Miniskus, Pompjee’n - all,

Hunn hir Assemblée Générale.

 

Punkt hallwer néng klappt Päiffesch Fras

Als President widdert säi Glas:

„Léif Méckefëscher a Bassisten,“

„Porettenziichter, Jummdecklisten ...!“ --

An ass et him och wéi all Kéier

Eng Freed an nach eng méi grouss Éier,

Ah jo, ‘t genéisst een ëmmer gär

Dës akademesch Atmosphär.

 

Duerno da steet de Compte-Rendu

Vum Sekretär op dem Menu,

An de Kongress kritt mam Archiv

Eng méi historesch Perspektiv -

Mä ‘t sinn all Jor d’ al Litaneien:

D’grouss Kiermes mat néng Kläppereien,

All Mount eng Dose Reuniounen

Mat onnéidegen Diskussiounen,

E Fuesendsbal mat Ënnenzopp

An zwanzeg Friessen bis daags drop ...

 

Punkt 3 vun dem Ordre du Jour:

De Caissier’s Jempi ass um Tuer.

Deen huet vill Aarbecht, wéi ee weess,

Mä duerfir an der Stuff och d’Keess.

E schwätzt vu monetär Tendenzen,

Equilibristesch Kompetenzen,

Konjunkturell a prozentual ---

An hei ... lo kënnt et. Vreck, genial!

E Boni eppes Komma Null!

Ei, Jong, dat rappt all Bank vum Stull!

Du spiers dech Bilan duerch an duerch -

Dat ass Finanzplaz Lëtzebuerg!

 

No Dossier „Sekretär“ a „Frick“

Do richt et dann no Politik:

De Comité, deen Dag an Nuecht

Ewéi e Papp fir d’Kanner suergt,

Dee gëtt elo nees renovéiert,

All Kandidat, dee kuckt gëéiert,

Well dës Minutte sinn, ah oui,

A fräier Welt d’Demokratie.

Jo, ‘t gëtt hei nom Majorz gewielt,

A jiddwer eenzelt Kräiz, dat zielt -

Duerfir gi Comité och nëmmen

Déi puer, déi sech lo selwer stëmmen ...

 

Bei dem „Divers“ gëtt et ze bont,

All Mënsch ass hanne scho bal wond.

O Här, erbaarm dech dach eng Grimmel,

A werf e Grapp Gehier vum Himmel!

Ewell du frees dech éierlech:

Wéi ass dat nëmme méigelech,

Dass ëmmer nees en an’ren, wann

Keen nolauschtert, nach schwätze kann?

E Fähnrech ass net egal wien,

Säi Fändel a seng Staang an hien,

An dee rifft lo: „Hopp, d’Assemblée

Publique est maintenant levée!“

Dat ganzt Palaw’ren huet en Enn

An alles klappt vu Freed an d’Hänn.

 

Da lass, lo gi mer e Patt huelen,

An eise Boni ka bezuelen.

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)