D'GELD

 

Dat eenzegt, wat op dëser Welt

Déi Räich net hunn, dat ass kee Geld -

Zwar och déi aner ëmmerhin,

Déi kennen et sou vu gesinn,

Mä just dass si um Enn dervun

Dann ëmmer Mount nach iwwreg hunn.

 

Geräbbels hutt der meeschtens cash

Am Spuerschwäin oder an der Täsch,

Mä huet et hannen eng Rëtsch Nullen,

Da loosst der léiwer d’Bank dra wullen -

An sou eppes dat existéiert,

Well d’Geld nach méi Geld accouchéiert …

 

Mä och am Klengen ass et jo

Fir jiddwereen an iwwrall do,

A bass de näischt méi kengem schëlleg,

Dann ass schonn alles vill méi bëlleg:

Kuck, jabelt d’Mammchen an den Daddy

Am Supermarché mat dem Caddy,

Kënns de mat 80 an d’Kontroll,

Do wou ee blouss mat 50 soll,

Och sonndes, wa geaffert gëtt,

Dann héiers d’et - mä méi dacks net,

Fir d’Konscht en Tableau voll Abstraktes,

Beim Metzler e Pond Schwéngsgehacktes,

Bis dohin, wou spéit owes d’Joffer

Säi Präis mécht laut Demande an Offer --

Jo, Geld si Suen, fro net wéi,

A wann s de keent hues nach vill méi.

 

Mä doernieft geet et net ëmmer

Sou ganz kathoulesch ronderëmmer:

Et arrangéiert an et schmiert,

Et uelegt, dass ee besser fiert,

Et weist sech vun all Säit a lackelt,

Sou ganz erotesch, dass ee wackelt,

Jo, ‘t huet scho muencheree gedoppt

An och scho muenech Bak gestoppt …

 

Geld ka sech zwar doruechter bretzen,

Ower ee Gléck kann et net schwätzen,

Ewell ee Wuert - da wier et aus,

Da werft all Mënsch et klak eraus,

‘t flitt an de Chômage, jo, an dann,

Da steet et do a kuckt domm dran …

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)