LITERATUR

 

Konscht, Kultur a Spirituelles

Huet méi Kick wéi Materielles,

Jo, dat spiert ee gläich, wann et

Mol bis literaresch gëtt.

 

Op dem Nuetsdësch de Roman,

D’Kachbuch fir eng Träip an d’Pan,

D’Zuelen an de Statistiken,

D’grouss Rapporte vun de Flicken,

Fir all Pup e Formulaire,

D’Helleg Litanei vum Här,

„I love you“ am Manuskript,

D’Joffer, déi Rappellen tippt,

SMS op allen Ecken,

Knäipziedlen a Bankechecken,

An dem Prisong op d’laang Dauer

All Dag d’Strécher un der Mauer ---

 

Jiddwereen, fro s’ alleguer,

Huet seng eege Literatur ...

 

 

"HÄPPI LËTZEBUERG" (2009)