NOM SUMMERLACH

 

Grand-Duché, ei, nu free dech dach,

‘t ass Esseg mat dem Summerlach!

Gläich sinn all Moustiquë knack-aut,

Och d’Grillfester, déi si verdaut,

All Lëtzebuerger ass eran,

De Rescht E.U. och iwwert d’Douane,

D’ganzt Land, dat botzt sech nach de Schweess -

Da rullt de Biotop hei nees.

Horaire Mobile a Park-and-Ride,

E granz'ge Chef a Kantin light -

Hurra, mir wibblen rëm, a kuckt,

Dat ass Bruttosozialprodukt!

 

Op Chantier gëtt nees bei Patroné

Gesong mat Schubkar a Betoné,

Eis Zeitunge gi Stéck fir Stéck

Nees méi gehässeg a méi déck,

De Sales fiert rëm Botterfahrt

Op Tréier an den Ar’ler Maart,

Keng Angscht, lo fënns de ënnerwee

Nees Deviatioun a Route Barrée,

Eisem Här Läährer seng aarm Fra

Seet no zwee Méint: Endlech! Voilà!

An d’Doktre kucken nees a ginn

Der mat de Fangren iwwrall hin.

 

Och op all Classeur bei dem Staat

Ginn d’Spawecken ewechgemat,

De Bläistëft gëtt nees spatz gespëtzt,

E Pillem, dass ee schuckleg sëtzt,

Jo, ‘t ass eng Freed erëm ze héiren,

Wéi d’Fonctionnairë fonctionnéiren,

Well hänks d’ um Telefon mol drop,

Hieft nees déi aner Säit een op -

Trotzdem quand-même nach ëmmer dass

Dee richtge grad zur Dier raus ass …

 

Do, Grand-Duché, nu free dech dach,

‘t ass Esseg mat dem Summerlach!

Et gëtt nees iwwrall Äktschen, well

‘t ass Esseg mam Congé annuel!

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)