AN DER CHAMBER

 

An all Fraktiounseck gëtt gekiert,

D’Cloche de la Présidence geschmiert,

D’Stoppauer gëtt frësch opgezunn,

An op dem Riednerpult virdrun

D’al Stécker Knätsch ewech gemat,

En neit Glas Waasser drop gesat,

Well ‘t geet nees lass, hipp-hipp-hurra!

Hilarité a Brouhaha!

 

Jo, vill hu weider näischt ze dinn

Wéi Deputéierten ze ginn.

Du bleifs, fir d’Carrière unzefänken,

Op all kleng Dëppefester hänken,

Dann heemels de beim Bauer d’Béischten,

Duerno gees de al Mummen tréischten,

An dann, du weess et selwer net,

Mä hei op eemol ass een ët.

 

A kuck, wéi lo Chrëschtlech-Sozial,

Mat Rout a Gréng a Liberal

Sech ronderëm an hiren Ecken

Zum Wuel vum eisem Land hei strecken,

Gemittlech Kreuzworträts’le maachen

An iwwer nei belsch Witze laachen ...

Mä eng ganz Rëtsch ass - ziel mol no!

Bal absent a bal nees net do.

Sou schaffen eben der e sëllech

No Quoten, grad wéi bei der Mëllech.

Trotzdem gëtt äifreg diskutéiert,

‘t gëtt rapportéiert, referéiert,

A muencher ee wor scho wéilaang

Mat décke Rieden hei am Gaang

An huet sech dann réischt iwwerluecht:

Vreck! Wat hat ech virdru geduecht?

 

Duerno steet dësen an och deen

Relax um Pissoir niewteneen.

Si diichte sportlech hin an hier

A kucken anstänneg no vir,

Mä iwwerdeems beschwätze si

Hir Taktik an hir Strategie.

Villäicht nees un de Ministère

Eng kleng Question parlementaire,

Obschonn dass jiddwreen d’Äntwert weess -

Mä hien, hie kënnt dann an de Schweess ...

Ah jo, um Pissoir hannerwands,

Dat ass déi lescht Fraktiounsinstanz.

 

Dann rëm Dépôt de la motion,

Ont voté oui, ont voté non,

Débat vun all Projet de loi

Vum éischte bis zum troisième Choix -

Mä ‘t ginn der, déi fir opzefalen

Sech bei all Ofstëmmung enthalen,

Well ‘t kënnt politesch och drop un

Eng eege Meenung mol ze hunn.

 

Dat ass den honorablen Hobby

Vun eiser honorabler Lobby.

An dräi Méint drop da kritt der dat

Saignant, à point am Chamberblat -

Mä d’Situatioun vun der Natioun

Hänkt gläich um Hais-chen nieft dem Troun …

 

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)