Ufanks 1999 gëtt de "Mini-Cash" op deene ronn 330.000 Geldkaarten hei am Land agefouert - verschwënnt ower nees am Mäerz 2011 ("Le CETREL indique que le porte-feuille électronique n’a jamais connu le succès espéré.") 

MINI-CASH

 

Schäiner, Zantimmen a Frangen,

Belscher oder eiser Jangen,

An du wulls ewéi en Ochs

Am Geräbbels duerch d’ganz Box.

Mä déi Zäite sinn eriwwer

An lo laacht een nëmmen driwwer,

Haut hues du de Mini-Cash

Als Portmonni an der Täsch.

Jo, du hues de Mini-Cash

Als Portmonni an der Täsch.

 

Et geet villes haut méi spilles

Ouni Kitten an dem Nilles,

Ouni Spéin a boren Drot,

Mä mat Chipen a mat Code.

Ganz top-secret, méi wéi helleg,

Schéin der Rei no véierstelleg -

A schonn ass deng kleng Kanoun

Voller Geld a Munitioun.

Jo, schonn ass deng kleng Kanoun

Voller Geld a Munitioun.

 

Et brauch kee méi haut ze puffen

An den Dierwiechter ze ruffen,

Hämmelsmarsch oder Floumaart,

Du bezils mat denger Kaart!

Bleifs de op dem Comptoir pechen,

Muss de bei der Zatzi blechen,

A fir d’Ouschtren hëlt den Här

Se am Beichstull och alt gär …

Jo, fir d’Ouschtren hëlt den Här

Se am Beichstull och alt gär.

 

Ouni Rouden, ouni Wäissen,

Näischt ze räissen, näischt ze bäissen,

Fréier woors de ouni Wak

Strummert an dee leschte Pak.

Mä déi louder Mini-Chipen,

Ah, déi kippen all Prinzipen –

Huel däi Plastik, et voilà,

Prost dann an Chip-chip-hurra!

Huel däi Plastik, et voilà,

Prost dann an Chip-chip-hurra!

 

 

2000 - REVUE "Décke Buttek" - (Musek: Guy Kleren)