SÉANCE ACADÉMIQUE

 

Op Deputéierten, ob Dechen,

Ob Schoulmeeschter, ob Härekächen,

Wann dir där do all Woch eng hutt,

Ei, nondijabel, dat deet gutt!

Wéi wier ee prominent och, wann

Ee sech als dat net weise kann?

 

D’Box an der Fal, dat ass haut Pflicht,

Net dass et no wéi ëmmer richt,

Well kënns de a Krawatt a Schnëppel,

Gesäit kee méi de Baureknëppel.

 

D’éischt gi rondrëmmer ganz begléckt

Mol kal, mol schweesseg Hänn gedréckt.

E puer Wuert hei, e puer Wuert do,

A kee lauschtert deem an’ren no -

Mä d’Konscht, mat där ee sech ka bretzen,

Ass déi fir sech dann hinzesetzen,

Well ‘t gëtt jo blouss eng eenzeg hei,

Blouss eng dekorativ éischt Rei ...

Dobäi ass ‘t ëmmer grad verkéiert

Egal wou ee sech hi placéiert,

Well d’„Wort“, dat léisst déi eng ewech,

Am „Tageblatt“ hunn an’rer Pech,

Den „Hei elei“ filmt hin an hier,

Mä owes stoppt e just vrun dir --

An duerfir hat all décke Vull

Fir d’éischt d’Talent vum richtge Stull.

 

Sou setzen si sech dann all nidder,

D’Been iwwreneen an hannewidder,

Well uewen tëscht de Blummen hätten

Dräi Geien an zwou Klarinetten

Et gär, wann d’Leit elo heibannen

Dat géife musikalesch fannen.

 

Da seet de President eis et

Ween alles hei ass a ween net,

All déi, déi och nach komme sollten,

Ower net konnten, mä dach wollten,

Par conséquent, déi ëmmerhin

Donc zweemol ze entschëllge sinn.

 

An domat ass et schonn um Tuer

Vun eisem Orateur du jour.

Dee formuléiert, soulignéiert,

Differenzéiert a blanchéiert,

Accelerando a rhetoresch,

Da molto vivo allegoresch,

E schwätzt, dass et der dronke gëtt,

Ma iwwer wat, dat seet en net ...

Jo, d’Bildung ass kee Kapp, deen dämpt,

Mä ‘n eidlen Tirang, deen dacks klemmt.

 

A wat genéisst eis Prominenz

Déi héich-intellektuell Audienz!

Si kucken intresséiert dran,

Mä denken: Klautchen, hänk dach an!

A fréckelen e puer Stäck drënner

Scho ganz diskret op hirem Hënner,

Well niewendrun, do klaakt e Stopp

Vum Éirewäin fir hannendrop.

An all Mënsch dréint sech ganz gemälleg

A routinéiert onopfälleg –

Jo! Tatsaach! Kuck, du wosst et jo,

Et steet eng ganz Rëtsch Glieser do!

An dat ass dann d’Finale och - hick!

Vun all Séance académique ...

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)