TAKTIK A SAVOIR-FAIRE

 

Etudë si wichteg, Etudë si gutt,

Well dir dann Diplômer an Titelen hutt:

Brevet a Maîtrise supérieur gradué,

Docteur hei an do an e Wupp licencié -

Mä wat nach méi zielt ewéi Standing an Air,

Mäi Jong, dat ass Taktik,

Know-How, Savoir-Faire!

 

Eng mausereg Mausi aus der „Chouchou-Bar“

Mécht owes Klappjuegd am Quartier de la Gare.

A kënnt een, da weist et e Stéckelche Knéi

A mat wéineg Chance och e Stéckelche méi,

Well do schléckt souguer jiddwer Bopi nach gär ...

Tja, ‘t ass eben Taktik,

Know-How, Savoir-Faire!

 

Gëtt iergendzwousch iergendeng Kaz mol geschleeft,

Dann ass ‘t d’Politik, déi zesummen do leeft.

Mä ween offiziell sech entschëllege léisst

Vum Här President, deen d’Assemblée begréisst,

Fält méi op wéi wann e blouss wierklech do wär ---

Mon oeil, dat ass Taktik,

Know-How, Savoir-Faire!

 

Eist Land, dat ass kleng, all Mënsch sëtzt openeen,

A jiddweree kennt hei am Kaff jiddwereen.

Donc, hues de eng Saach, an déi geet net an d’Rei,

Dann huel der dem Noper säin Eedem derbei,

Ewell deem seng Niës kennt ee vum Ministère -

Ass dat net och Taktik,

Know-How, Savoir-Faire?

 

Als Bouf wor all décke Big-Boss blouss e Bouf,

Mä wosst scho ganz gutt wann et wéi wou wat gouf.

Mat fënnef Frang ass ‘n an de Buttek gelaf

An huet da säi Schockla fir sechs nees verkaf ...

Prozent ëm Prozent gouf hie stéckweis en Här -

Ech soe jo: Taktik,

Know-How, Savoir-Faire!

 

Jo, Lëtzebuerg, mir zwou, dräi Dose si blouss

Knapps zéng an en hallwen op aacht Meter grouss,

Mir kënnen net gutt op dräi Been nëmme ston,

Fir mat deene groussen Honn pissen ze gon,

An ower si mir megasuper, mon cher!

Ma Prost dann op Taktik,

Know-How, Savoir-Faire!

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)