An all Zeitungsbutteker leien se tonneweis: Frau Aktuell, Das neue Blatt, Gala, Woche der Frau, Freizeit-Revue … asw. an si erzielen der Welt Lieweswichteges vun der Jetset-Prominenz.

OP DEM ROUDEN TEPPECH

 

Nun huelt der Zäit de Bols a fillt en,

't ass Glamour, Sex-Appeal a Geld,

Millioune vun dem Paris Hilton,

Brooke Shields an Yvonne Catterfeld.

Beim Heidi Klum a senger Villa

Eng Jetset-Party zu L.A.

An och dem Charel säi Camilla, 

Well dat huet jo sou wéi am Knéi.

 

Op dem Rouden Teppech

Déi schéi Society,

Hei ronderëm der VIP-Lounge

Do lieft eis Phantasie.

 

D’Kilie Minogue mécht Nordic Walking

All Dag mam Sylvester Stallone,

Duerfir dee Psycho-Terror-Stalking

Beim Copperfield a Sharon Stone.

D’Kinnigin Ranja vu Jordanien

Fält beim Tom Jones bal an Ekstas

An dann déi wonnerschéi Geranien

Um Balcon vun dem Uschi Glas.

 

Sunny Boy a Beauty,

All Fierzchen an all Pup,

Dat gëtt no jiddwer Gala

Direkt e Mega-Scoop.

 

Dem Elton John seng Labradoren

Sinn d’lescht Woch ageschléifert ginn,

En plus do sollen d’Wiesseljoren

Vum Nena jo sou schrecklech sinn.

Déi nei Affär vum Sarah Connor

Mam Bodyguard vum Wolfgang Joop –

Mä déi stong wéi laang schonn, kee Wonner,

Bei „Frau Aktuell“ am Horoskop.

 

… Angelina Jolie … Leonardo di Caprio …

… Penélope Cruz … Brad Pitt … Nicole Kidman …

… Stéphanie vu Monaco … Christina Aguilera …

… David Beckham … Carla Bruni … Jack Nicholson …

… Bon Jovi … Jennifer Lopez … George Clooney …

 

Op dem Rouden Teppech

Déi schéi Society,

Hei ronderëm der VIP-Lounge

Do lieft eis Phantasie.

 

 

2008 - REVUE "Auszäit" - Musek: Erny Delosch