AFFEKOTEN

 

Ee Gléck hu mir net blouss d’Geriicht,

Fir wann e Gauner mol eng stiicht

An och déi ganz Jurisprudenz

Ass net blouss fir déi déck, räich Pänz,

Där, déi sech dat fir hir Doudsënnen

Ewéi en Drénkgeld leeschte kënnen -

Neen, Code Civil a Code Pénal

Zielt demokratesch fir eis all,

Well d’Leit si schlecht, ’t ass Wouscht a Pak,

An ’t geet sou vill der op de Sak.

 

Do fuddelt een am Kaartespill,

E Mëschtekoup, dee sténkt ze vill,

De Mëllechmann wor haut nees blo,

An d’Schwéiermamm ass all Dag do.

’t sot een zu mir: Du faule Batz!,

De Jéng krut an der Schoul eng Datz,

De Schäiss-Arbitter weist d’Rout Kaart,

An d’Heck, déi wiisst am Nopeschgaart

Sou héich, dass een net méi gesäit,

Wann d’Nopesch an der Sonn do läit ...

 

Ah, dat sinn dach där uerg fataler,

Där grouss Affären a Skandaler!

Skandaler, fir sech opzereegen!

Affären, déi ons Welt beweegen!

 

Mä haut ass jiddw’ree jo op Drot:

Am Liewen zielt den Affekot.

Soss has d’ am Beichtstull blouss däi Pater,

Mä haut huet all Mënsch säi Psychiater

A virun allem och där doten,

Där haartgekachten Affekoten.

De Rechtsstaat an d’Demokratie,

Dat ass en enke Korseli:

D’Gesetz hëlt d’Mooss, esou, esou,

An d’Affekoten zéien zou -

Well hues d‘ e Krätzbock mol um Napp,

Hëls de däi Maître bei dem Schlapp,

Deen tippt e gutt gesalzt’ne Wësch,

A pou, ass d’Saach vrum Gréngen Dësch.

 

Voilà, ob Mëscht, Gestank an Dreck,

Ob Schwéiermamm, ob Nopeschheck,

De Code Civil a Code Pénal

Zielt demokratesch fir eis all.

 

Mir sollen duerfir glécklech sinn,

Dass et där Affekote ginn.

A wann se ëmmer méi och jéngren,

Si wäerten eis schonn net erhéngren,

Well ’t gëtt berappt an ’t gëtt geblecht,

Mä bei der Heck wëll ech mäi Recht!!!

 

 

"HÄPPI LËTZEBUERG" (2009)