En Hommage un all Duerfmusek ...

DEM DUERF SENG SÉIL

 

Esou eng Musek

ass net eppes, wat just honnert Joer do sëtzt,

honnert Joer do steet,

honnert Joer do geet -

esou eng Musek

ass net eppes, wat just Musek mécht,

wann et bléist -

 

Neen,

esou eng Musek,

dat schweesst en Duerf zesummen,

dat bënnt.

Vun der Sonnerie aux Morts

iwwert d’Strëpp

bis bei dem neie Buergermeeschter säi Beemchen

a fir an d’Oktav méi lues am Takt,

dass een et bis dohinner packt.

 

Tuba a Klarinetten,

Piccolo an Trombonnen,

dat ass esouguer e bëssen

dem Duerf säi gutt Gewëssen.

Wéi kënnt ee sech soss

op Nationalfeierdag

am Cortège

esou patriotesch fillen?

Esou Roude Léif?

Esou rout-wäiss-blo?

An och eng Medail duerno

gëtt réischt eng richteg Medail,

mat engem Tusch derbei.

A mat nach engem Tusch.

An nach engem Tusch.

Well wat méi Tusch,

wat méi Medail un der Medail.

 

Voilà,

esou eng Musek,

dat ass eben d’Séil vum Duerf,

dat ass den Ech,

dat ass de Mir -

Wann d’Uelzecht duerech d’Wisen zéit,

Léif Mamm, ech weess et net ze son,

An d’Kanner loossen hire Kaffi ston –

 

Ah jo gutt, dass d‘ et sees,

well een,

deen

den Hämmelsmarsch nëmme plazeweis richteg spillt,

huet och nach méi

fir déi kulturell Kultur gemat

ewéi een,

deen

an der „Aida“ do sëtzt

an tompt.

 

 

(2010)