NATIONALFEIERDAG

 

All Fändelen, déi wénken haut

An den Te Deum gëtt gelaut,

D’Fanfare, déi bléist, den Här, dee biet,

De Buergermeeschter hält seng Ried –

De Conseil fänkt ze rëfflen un:

Et ass nees déi vum Jor virdrun ...

En etlech Leit ginn nach gëéiert

A mat Medailen dekoréiert:

De Mann, dee kritt se ugespéngelt

An d’Fra, déi weist sech a se réngelt ...

Gard’ vous! Op der Gemengentrap

Gräift lo e Pompjee sech un d’Kap,

Hopp, stramm gestan, de Bauch ’ran, Jongen,

Well d’Uelzecht gëtt elo gesongen!

An deen, deen net gutt sange kann,

Dee kuckt alt patriotesch dran ...

 

An owes geet et dann an d’Stad -

D’Zaldote weisen hir Parad,

Eis Militärmusek, déi spillt

An d’Thüringer, déi gi gegrillt,

D’Gewulls, dat hëlt dech, Schratt fir Schratt,

Fir d’éischt bis bei de Palais mat

A kommen si aus hirer Stuff,

Da gëtt gewonk a Vive geruff.

Du wénks a riffs un engem Stéck

A si um Balcon wénken zréck.

Da mécht de ganze Grand-Duché

Bei d’Gëlle Fra sech op de Wee:

Gëtt et der weech, et ass net schlëmm,

Hei am Gedrécks fält kee Mënsch ëm.

Du stees der d’Been do an de Leif,

Du kucks der d’Halsgenéck ganz steif

A kraacht et uewe rout-wäiss-blo,

Jäizt ënnen alles Aaah! an Oooh!

Sou huet ee bei dem Freedefeier

Mol wéinstens Freed vu senger Steier ...

 

A muer de Muerge si mer fräi -

Dat ass am Fong dat Flottst derbäi!

A wann an aller Härgottsfréi

Eis Force Publique mat der Arméi

Verschlof duerch d’Avenue marschéiert,

Hir dräi Kanounen demonstréiert,

Da siche mir eis all doheem

Scho Mark a Pfenneg beieneen.

Jo, Tréier ass eng ganz schéi Stad,

Ah, Lëtzebuerger, gleeft mer dat!

Mä ’t muss een uecht don, wat ee seet,

Well haut all Mënsch een do versteet ...

 

 

"ABEE MERCI !" (1987)