STEIERERKLÄRUNGEN

 

‘t ass Fréijor, Vollek, ‘t gëtt eng deier,

Well d’Vulle sinn net blouss erwaacht,

Mä avant-tout huet dobei d’Steier

Sech och erëm erausgemaacht.

Si huet eis gären, dat ass kloer,

Mir hunn hir et ferm ugedon -

Duerfir mellt si sech och all Joer,

Soubal se de Poufank gehéiert huet schlon ...

 

Déi Bridder schnoffelen net nëmmen

A jiddwer Peitut, mä och klak

An heemlech Mouken, well si plëmmen

Dech gär bis op de leschte Wak.

All Frang, all Zantimm, kee Su manner!

Du stees do plakeg ausgedon -

A wat s de schwaarz emol --- o Kanner,

Si héiren de Poufank an all Ecker schlon ...

 

Tja, wa vu Roserei an Ierger

Grand-Duc’s hir ganz Natioun och bascht -

Lo gëtt de Lëtzebuerger Bierger

Gewuer wat e Pond Kiischte kascht.

Du kanns zwar do bei deenen Hären,

Nach ofsetzen, dat muss ee son,

Mä nëmmen d’Stiller a blouss d’Kären ---

A klor, dass de Poufank sech gär héiert schlon ...

 

A wat ze blechen ass, do hu mer

Eng mathematesch kleng Formule:

Däi Steierbüro, Stack an Nummer

Mol eelef Stelle Matricule,

Dat plus Revenu imposabel

Duerch Classe d’impôt gedeelt - se son,

Do ënnrem Stréch, ei nondijabel,

Do héiers de wierklech de Poufank da schlon ...

 

‘t ass Fréijor, Vollek, déi al Leier,

Jo, d’Vullen, déi sinn och erwaacht -

Mä avant tout huet dobei d’Steier

Sech frësch erëm erausgemaacht.

De Pappa Staat an och säi Fiskus

Hunn d’wäiss Kollrettchen ugedon

A bieden: G’lobt sei Jesus Christus!,

Soulaang se de Poufank nach héiere schlon ...

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)