Vum 29. Mee bis den 3. Juni 1995 hu mir d'JPEE - " Jeux des Petits Etats d'Europe" zu Lëtzebuerg

KLENG OLYMPESCH SPILLER

 

Hu mir och weider kee Genie

An héijerer Philosophie,

Gëtt et och soss keen ënnert äis

Mat iergendengem Nobelpräis,

Keen Cicero, kee Schopenhauer,

Mä nëmme Kräiz- a Schëppebauer,

Sou hu mir ower an trotzdem

Alt mol eng Olympiad heiheem:

Vu Malta, Zypren, Monaco

Bis Liechtenstein sinn se all do

A last not least de Roude Léif

Als eiser Härgott seng déck Zéif.

 

Ah oui, déi Kär'le raib'ren all

Hei Ping-Pong, Basket, Volleyball,

Se lafen Hal an Terrain platt,

Arbiteschbäich, déi jupple mat,

Si stuckelen als Charly Gaulen

Duerch Lëtzebuerger Stroossekaulen,

Da ginn et Hären an och Dammen,

Déi d’Nues zou halen an da schwammen,

Brasse, FreeStyle, Papillon a Réck,

An aner schéissen op gutt Gléck

Vu ganz dohanne bis heihinner

Mat Trap, Pistoul a Karabiner.

 

Neen, mir sinn net blouss Jemp a Pier,

Mä 't geet hei ganz olympesch hier:

Am Tennis Eenzel an och Doublen,

Beim Judo héiert een et rubblen,

Ewell do knätschen uechzeg Kilo -

Fir déi méi rabbleg ass dat pilo

An déi gesinn eng méi grouss Ethik

Da grad duerfir an der Athletik.

Mä hellge Kräizband a Miniskus!

Hei puchen se mat Bomm an Diskus,

Si lafe kuerz a méi laang Strecken,

Déi hei riichtaus, déi do ëm Ecken,

Si sprangen d’Luucht aus an och wäit -

Ower fir eemol net zur Säit …

 

Ei, dat gi Quadratmeter Sport

Fir Répu, Tageblatt a Wort!

't ass alles staark sensationell,

Ma jo, kee Wonner och, ewell

Wa kleng Honn net bei grousser sinn,

Mä ënnert sech blouss pisse ginn,

Fält dat kaum op, dass niddreg Knéien

D’Been net ganz héich gehuewe kréien …

 

 

(1995)