FORMULAIREN ...

 

Formulairen, Formulairen

Fir all grouss a kleng Affären,

A scho bass de op der Sich

Queesch duerch de Pabeierkrich!

 

No Artikel, Paragraphen

Stäckweis duerch Servicer lafen,

Hei Demande, do Bulletin,

Soulignez ce qui convient,

Dëse pour information

An deen do voir règlement,

Ausgefëllt, enregistréiert,

Ofgestempelt, paraphéiert,

Timber, Acte, Certificat

Mat der Schonggréisst vun der Fra,

Lu et approuvé an drënner

Nach e Krop, an hoppla plënner!

 

Hongs de lo deng Zäit am Reider

An de Misär, dee geet weider,

Wier en an’ren Auto besser,

Kënns de ratschdeg ënnert d’Messer,

Huet dech d’Force Publique beim Schlapp,

Gëss de no néng Méint mol Papp,

Pëtz d’ um Enn an aller Rou

D’Tut da fir zerguttstert zou ---

Iwwrall hätten se do gären

Formulairen, Formulairen!

 

Modell 8 am Büro 9,

Büro 6 fir Modell 10,

Giel a rosa no der Norm,

Copie certifiée conforme,

Mam Avis vum Ministère,

Mä en triple exemplaire,

Kontrolléiert, accordéiert,

Déclaréiert, aklasséiert,

Éischten Tirang A bis G,

Dann en an’ren H bis P

A wann een et gären hätt:

Nach en drëtte Q bis Z!

 

Do verstëbs d’ in Gottes Namen

Bis in Ewigkeit dann ... Amen.

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)