En Hommage un d'Veräinsfändelen ...

MAT ROUDE LÉIF A MAT WOPEN

 

Wäiss Händschen

hunn dee Grëff am Grëff,

halen d’Staang riicht,

eng Staang

sou laang  

bis uewenhin,

well e Fändel fändelt net doruechter,

e Fändel, dee schréckt,

dee marschéiert,

wéi mat Bloem Blutt,

an d’Vollek hält sech méi hannendrun hannerwands

mat hellegem Respekt méi op helleger Distanz.

 

Gëlle gestéckt, op Seid ornamentéiert,

wéi agemeesselt aggravéiert,

dat wuerzelt,

dat stackt -

souguer all Loft ass houfreg, wann

se duerch dee Fändel blose kann,

well wann e sech bis eemol hieft,

't ass da wou e Veräin als Veräin sech erlieft

an eng mystesch Mystik

scho bal sakral

ëm d’Fändelstaang schwieft -

Ah jo, dee Mann un der Spëtzt vir, dee brauch

nun eben Honorabilitéit a Stolz a Bauch.

 

An hätten

se och an der Musek keng Tromm keng Trompetten,

bei de Fëscher kee Wuerm, bei de Pompjeeë kee Schlauch

oder am Foussball alt emol kee fir an dem Goal ---

d’Haaptsaach, se hunn e Fändel,

mat där Mystik ,

deenen Händschen,

mat där Staang bis uewenhin!

Well dem Veräin an dem Duerf seng ganz Éier,

déi hänkt op 2 Meter 80 esou ongeféier ...

 

 

(2014)