E kënnt der op d’Welt, eng Rei Pënner u Gewiicht,
Seng Nues steet zwar och an der Mëtt vum Gesiicht,
Mä schonns an der Pouponnière gëtt konstatéiert:
Deen do ass fir Besseres prédestinéiert!
Well moossen se d’Intelligenz, jee, verstitt der,
Da schléit him säi Quotient bis uewe ratsch! widder.
Kee Wonner, dass hien de Kolléisch spilles packt,
Säin Denken, dat gëtt metaphysesch-abstrakt,
E stellt iech all Einstein a Freud an de Schiet,
Op griichesch, laténgesch hëlt hie s’ an d’Gebiet ...
An huet e säi Brevet mat Grande Distinctioun,
Da punkt-komma-stricht e bis zu der Pensioun ...
Wat kann et am Liewen da méi Schéines ginn
Ewéi en Här Läährer, ’n Här Läährer ze sinn!
Wéi d’Eisen am Betong, sou stécht hien am Duerf,
Den Nuebel, den Caesar, den Hunn an dem Kuerf!
Mat senger Krawatt, senger Autoritéit,
Do steiert hien d’Vollek an d’Mentalitéit.
Politesch wuel päift en op sämtlech Parteien,
E reeft héchstens d’Steng, déi déi an’r da geheien ...
Mä am Kulturelle stellt hien eppes duer,
Hien ziicht, repiquéiert a fiddert d’Kultur:
Hien ass bal owes am Duerf ënnerwee,
Bléist Tuba, schreift d’Riede fir d’Sapeurs-Pompiers,
Spillt Uergel a prouft mam Caecilieveräin
A fiert mat de Fraen a Mamm’n op de Rhäin …
Wat kann et am Liewen da méi Schéines ginn
Ewéi en Här Läährer, ’n Här Läährer ze sinn!
Da schafft en och nach an der Schoul mat de Kanner –
Sou ëm drësseg Stonne pro Woch ... oder manner ...
Do hëlleft e Problemer léisen, ech wetten,
Problemer, déi si ouni hie guer net hätten.
E richt kaum säi Schweess, well e muerkst sech net vreckt,
Hie staatsbeamtéiert blouss per Intellekt.
Grand-Duché, deng Zukunft, a sief se och kleng,
Dréit hien op de Schëllren, jo, hie ganz eleng!
An duerfir huet hien duerch d’ganzt Joer dann och
Wéi Chrëschtdag an d’Fuesend a wéi d’Ouschterwoch,
Wéi Päischte mat Juli, August an däers nach
A sengem Kalenner déck rout ugestrach ...
Wat kann et am Liewen da méi Schéines ginn
Ewéi en Här Läährer, ’n Här Läährer ze sinn!
Sot, seet dat net alles, seet dat net genuch,
Dat „instituteur“ an dem Telefonsbuch?
Mat senger Mission socio-pédagogique
Ass hien de Reflet vun der Fonction Publique.
Jo, flattert de Fändel am rout, wäiss a blo,
Dann ass hien am Schnëppel héich-offiziell do:
De Schäfferot mat Bänn a Flätschelen un
An hien, hie schréckt houfreg direkt hannendrun.
Sief ’t Fête Nationale oder sief ’t Prëssessioun,
Hien hält op säi Rang an op al Traditioun:
Den Himmel spendéiert den Hellegeschäin
An d’Gemeng avant tout dann den Éierewäin ...
Wat kann et am Liewen da méi Schéines ginn
Ewéi en Här Läährer, ’n Här Läährer ze sinn!
Den Tëppelche ronn a riicht uewen um „i“ –
Dat wor an dat bleift fir hie Philosophie.
A geet him dat lescht éiwegt Liichtche mol aus,
Da wiisst de Pedant iwwert d’Graf nach eraus.
De Conseil, deen huet him en Noruff gemat,
Mat Photo hu si en an d’„Wort“ dra gesat:
„Il faut que le ciel le saisit en beauté,“
„Car tous ces hommages, il les a mérité.“
Mä hei, de Pedant, kuck, dee kënnt nees an Driff,
Ewell no „il faut que“ steet dach Subjonctif!
O nee, sou e Lapsus ass eemol ze schlëmm –
A flupsdeg dréint hie sech am Graf ronderëm.
„Il faut que le ciel le saisisse en beauté,“
„Car tous ces hommages, il les a mérité.“
An da liest en och mol den zweete Saz duerch –
Oho! Mérité ouni „s“? Dat ass uerg!
D’n Accord an dem Pluriel, deen ass dach sou wichteg!!!
A schonns läit de Mann an der Këscht erëm richteg ...
Wat kann et am Liewen da méi Schéines ginn
Ewéi en Här Läährer, ’n Här Läährer ze sinn!