Ausserierdescher woren op der Welt gelant ...

HANNERT DEM MOUND

 

Egal wat och den Einstein

Mam Galileo seet

Vum groussen Universum

An der Onendlechkeet,

Vun dausende Planéiten,

De Stären alleguer –

Eng eenzeg Welt esou wéi dës hei

Dat géng am Fong scho vëlleg duer!

 

Do kënns de wuel aus enger anerer Zäit,

An dach huet de Wee sech gelount,

Well éierlech wor et mol guer net sou wäit,

Hei si mer just hannert dem Mound.

Hannert dem Mound …

Hannert dem Mound …

 

Mir hunn am grousse Weltall

Endlech neit Liewe fonnt,

Mä eppes hu mer ower

Och hei net fanne konnt:

Dass d’Leit wéi Mënsche liewen,

Dass d’Leit wéi Mënsche sinn –

Deen Dram, deen ass eis fleete gaangen,

Dat wäert et och enéirens ginn …

 

Do kënns de wuel aus enger anerer Zäit,

An dach huet de Wee sech gelount,

Well éierlech wor et mol guer net sou wäit,

Mir woren hei hannert dem Mound.

Hannert dem Mound …

Hannert dem Mound …

 

 

2008 - REVUE "Auszäit" (Finale) - Musek: Erny Delosch