E WONNER AM WÄIN

 

Bei dem éischte Glas

Kuckt sech d’Welt schon anescht un,

Bei dem éischte Glas

Sinn all Suerge wéi verflunn.

Wat kann et da méi Schéines ginn

Wéi beim éischte Pättchen ze sinn?!

 

… well an deem klengste Glies-che Wäin

Do läit e Wonner dran,

E Wonner, dat och haut, ee Gléck,

Nach Wonner wierke kann.

 

Bei dem zweete Glas

Ginn d’Gedanke liicht a jonk,

Bei dem zweete Glas

Kënns du och nees an de Schwonk.

Wat kann et da méi Schéines ginn

Wéi beim zweete Pättchen ze sinn?!

 

… well an deem klengste Glies-che Wäin

Do läit e Wonner dran,

E Wonner, dat och haut, ee Gléck,

Nach Wonner wierke kann.

 

Bei dem drëtte Glas,

Kuck mech un a gleef et mir,

Bei dem drëtte Glas

Spiers de nees de Mënsch an dir …

Wat kann et da méi Schéines ginn

Wéi beim drëtte Pättchen ze sinn?!

 

… well an deem klengste Glies-che Wäin

Do läit e Wonner dran,

E Wonner, dat och haut, ee Gléck,

Nach Wonner wierke kann.

 

 

 

(1982)