Vum 28. Februar bis den 9. Juni 2000 weist RTL II déi éischt Staffel vu senger FernsehShow "Big Brother"

BIG BROTHER

(Poesie-Deklamatioun)

 

So, Mënscheverstand, so, do freet ee sech dach:

Wou ass baussen a banne bei engem Schlëssellach?

Well trotz Hiem a Box stees de plakeg do,

Zu Dausenden Ae kucken se der no,

An all klenge Stëbseck, op Schratt an op Tratt,

Zu Dausenden Ouere lauschtren se mat …

 

Zu Dausenden Ouere lauschtren se mat …

Well owes, wann ech schlofe ginn,

Dausend Englen ëm mech stinn -

BIG BROTHER !

 

An dee bësselche Rescht, deen nach an der ass,

Wou s de spiers, dass de ower dech selwer nach bass,

Dat bësselchen Du, dat s de an der nach fills,

Dat gëtt lo eng Farce, et gëtt einfach Gespills -

De Knäppche gedréckt, déi grouss Peep-Show geet un,

A gäil Aen an Ouren, déi lecken do drun …

 

A gäil Aen an Ouren, déi lecken do drun …

Well owes, wann ech schlofe ginn,

Dausend Englen ëm mech stinn -

BIG BROTHER !

 

Du bass ni eleng, wou s de gees, wou s de stees,

Du bass ni eleng, wat s de dees, wat s de sees,

Du bass méi wéi gentechnesch manipuléiert,

Scho mediasupervisionaliséiert,

No an no mierks de, wellech Reg’len hei gëllen

A méchs blouss wat déi bei dem Schlëssellach wëllen.

 

A méchs blouss wat déi bei dem Schlëssellach wëllen.

Well owes, wann ech schlofe ginn,

Dausend Englen ëm mech stinn …

BIG BROTHER !

 

Mä d’Liewen, dat zielt hei net laang ipp-dipp-dapp,

Et wierfelt kee laang mat dem Wierfel am Grapp.

Ween hei net gefält - e Klick mat der Maus,

Gerippt a gekäppt an da bass de eraus!

Ween hei net gefält, jo, dat Gänsespill dreift,

Bis kee méi am Liewen iwwereg bleift …

 

Bis kee méi am Liewen iwwereg bleift …

Jo, owes, wann ech schlofe ginn,

Weess ech net méi ween ech sinn …

BIG BROTHER IS WATCHING YOU !

 

 

2000 - REVUE "Décke Buttek"