MÄI BEGRIEFNES

 

Ech hunn et geschriwwen, mäi lescht Testament:

Wann ech mol begruewe ginn,

Da wëll ech beim Requiem niewent der Läich

Ee vu mengen Dréier sinn.

 

De Koschter séngt vir an de Koschter hëlt of,

Den Här leet mer Buedem drop,

D’Leit maachen hiert Kräiz a se ginn hirer Wee –

Ech fale mol guer net op.

 

Ech stinn do a schwaarz an ech lauschtere mat,

't gëtt muenches erzielt bei der Bor -

Et wëll een um Enn dach nach éierlech wëssen,

Ween een e Liewe laang wor …

 

 

"ABEE MERCI !" (1987)