SKYLINE LËTZEBUERG

 

Ass dat dann net New York a San Francisco,

Wann s d’ owes duerch den Himmel gees

A riets a lénks bei all Architekturen

Dech ëmmer méi verwonnert frees:

Mä so, wou ass dann do de Kär vun allem?

Wou ass de Mënsch do bannendran?

O, wier ech nëmmen dach e Steen do uewen,

Dass ech mech och am Liewen emol weise kann.

 

Mir bauen héich, mir baue grouss

Eng Skyline an den Himmel,

Mä vun dem Mënsch als Mënsch bleift blouss

Eng Grimmelchen,

Eng Grimmelchen,

Eng schappeg Grimmel …

 

Se son, all Zäit brauch eeben hirer Zeien

Fir déi grouss Éiwegkeet duerno

An all déi Zeie kaschte Geld a kéipweis,

Kuck ëm dech, da gesäis d’ et jo.

Prestige, dee wëllt nu mol aus Stol a Bëtong

Fir d’Éiwegkeet veréiwegt ginn,

Do wou däin Numm, däi Kapp a wou däin Ego

A Gold a Marber éiweg agemeesselt sinn.

 

Mir bauen héich, mir baue grouss

Eng Skyline an den Himmel,

Mä vun dem Mënsch als Mënsch bleift blouss

Eng Grimmelchen,

Eng Grimmelchen,

Eng grimmleg Grimmel …

 

Et kënnt eemol den Dag, do son eis Kanner:

Dir hutt äert Monument gebaut,

Dir hutt iech iww’rall selwer blouss verwierklecht –

Mä wat notzt dat eis dann lo haut?

Är kéngsten Dreem, déi goufe fir iech wouer,

Mat Geld muss dat jo méiglech sinn,

A wier’n et just och schäinhelleg Fassaden –

D’Haaptsaach ass, dass mer houfreg virum Spigel stinn …

 

Si wuessen hei, si wuessen do,

Eis Beem bis an den Himmel,

Mä vun dem Mënsch als Mënsch bleift blouss

Eng Grimmelchen,

Eng Grimmelchen -

Eng kleng Visioun …

 

 

2007 - REVUE "Kulturus Interruptus" - Musek: Erny Delosch