DEN ÉISCHTEN APEL

 

Ech trëpple gär fir mech eleng

Beim Äppelbongert laascht,

Do hänken der bis an de Wee

Un engem décken Aascht,

Déi laache mech sou lackleg un

An ech, ech komme mir

Wéi deemools an dem Paradäis

Bei hinnen zwee do vir.

 

O, looss den éischten Apel

Dach nëmmen net do hänken!

Scho wéi laang waart eis Weltgeschicht,

Fir endlech unzefänken.

 

Nu schumm dech blouss net, well s de hei

Sou muedebëtzeg läis

A well s de mat der Schuel rondrëm

Verronschelt ausgesäis –

Kee Wonner, 't si scho Joren hier,

Do ass dann näischt ze man -

Mä trotz de Joren huet eis Welt

Nach haut un dir ze knan.

 

O, looss den éischten Apel

Sech an dem Bongert ducken,

Sou kann hien un der Weltgeschicht

An un dem Liewe brucken.

 

Ech trëpple gär fir mech eleng

Beim Äppelbongert laascht,

Do hänken der bis an de Wee

Un engem décken Aascht.

Hopp, Uedem, denken ech bei mir,

Da bäiss dach eemol dran,

Fir dass herno der Jéngster Dag

Sech net bekloe kann.

 

O, looss den éischten Apel

Dach nëmmen net do hänken!

Et muss een och un d’Weltgeschicht

An hir Memoiren denken …

 

 

(1982)