ILLUSIOUNEN

 

De Moses souz vru laangen Zäiten

Do uewen um Bierg Sinai –

Hei sinn se, sot en zu dem Vollek,

Hei sinn se, nu vergiesst se ni.

Déi Zéng Geboter woren helleg,

Et wor d’Moral fir d’Weltgeschicht,

Och wann deen ale Moses haut nach

Sech blann duerno dorëmmer sicht ...

 

Seefeblosen, Illusiounen -

't ass Hexerei, du gräifs derno,

Seefeblosen, Illusiounen -

Mä schonn ze spéit, ’t ass keng méi do.

 

Du flipps haut nëmme voll op Äktschen,

Du stees op crazy décke Gas,

Jo, deng kleng Welt ass haut näischt anescht

Wéi only Fun an nëmme Spaass!

Mä d’Liewe ka sech do just wonnren,

Well et sou eppes guer net gëtt,

D’Realitéit muss sech bal schummen,

D’Realitéit, si kann dat net.

 

Seefeblosen, Illusiounen -

't ass wonnerschéin, du gräifs derno,

Seefeblosen, Illusiounen -

Mä schonn ze spéit, ’t ass keng méi do.

 

De Mënsch hat éiweg nach Idealer,

No deenen hien hei ënne strieft,

Hie gräift och hei’nsdo no de Stären,

Wann hie fir seng Idealer lieft.

En dreemt vu Gléck a Mënschlechkeeten,

Hält sech un all Stréihallem un,

En dreemt, en dreemt, mä looss en dreemen,

Well een, deen dreemt, huet méi dervun ...

 

Seefeblosen, Illusiounen -

't ass Hexerei, du gräifs derno,

Seefeblosen, Illusiounen -

Mä schonn ze spéit, ’t ass keng méi do.

 

 

2005 - REVUE "Seefeblosen" - Musek: Erny Delosch