... KLENGEGKEETEN ...

 

 

Referendum

A geet et dem Land herno besser, voilà,

Sinn si ebe gutt Politiker, maja!

Mä wann ower alles an d’Box goe sollt,

Jo dann, Vollek, da wore mir et an d’Schold!

 

***

 

Déi aner an ech

`t geet vill méi liicht där fauler Bieren

An engem frieme Bongert glannen

Ewéi och blouss enettlech gudder

Um eegne Bierebam ze fannen.

 

***

 

D‘Differenz

E Pessimist gesäit, ’t ass béis,

Blouss d’Lächer an dem Schwäizer Kéis –

En Optimist ower kuckt ëmmer

Zefridde just de Kéis rondrëmmer ...

 

***

 

Dauwen

Sinn d’Politiker nach ënnen

Friessen se der aus dem Grapp –

Sinn se awer eemol uewen,

Schäissen se der op de Kapp.

 

***

 

D‘Dommheet

Géint si do gouf nach näischt erfonnt,

Wat eis virun hir rette konnt,

Sou bleift se eben éiweg hei

A mir sinn nees déi domm derbei.

 

***

 

Baussen a bannen

Dat Kräiz, d’Kaputz an d’Kordel,

Déi stieche wuel an d’Aan,

Mä 't sinn net si, déi aus dir

E richt’ge Pater man.

 

***

 

Egomanie

Den Tu, den Nous, de Vous, den Ils,

Wor muenchem an der Schoul ze vill,

Hien huet blouss Sätz mat „Je“ geschriwwen –

An ass bis haut do hänke bliwwen ...

 

***

 

Beschass

Et ass mat deem dat selwecht

Wéi mat dem Knascht, wéi 't schéngt:

Wat een do dra méi réiert,

Wat alles nach méi sténkt.

 

***

 

En éiwegt Kand

Eng Fra, déi ass blouss néng Méint laang

Normalerweis mam Kand am Gaang –

Mä dogéint huet awer e Mann

E Liewe laang eent bannendran …

 

***

 

Statistiken

Ajo dir Leit, déi musse sinn

An all kleng Ëmfro muss et ginn,

Soss wéisst ee jo am Fong geholl

Net richteg wéi ee liewe soll.

 

***

 

Streidereien

Mam Äppelbam vum Noper

Do bass de villäicht méi gehäit

Wéi wann déi ganz Famill sech

Wéinst Bëscher an den Hoer läit.

 

***

 

Grouss a kleng Politik

't geet hei ëm d’Probleemer vun der

Wirtschaftsflexibilitéit

Bis op d’Duerf bei d’Kierchenauer,

Déi ëm 1 réischt 12 schléit …

Multilateral Missiounen

Fir Europa, schéin a gutt,

Wann Der vrun der Dier doheem keng

Knubblen an de Stroossen hutt.

Jee, 't ass an der Politik och

Grad wéi mat de Giletsknäpp:

Dréin dech, wéi s de wëlls, deng Haut ass

Ëmmer méi no wéi de Läpp.

 

 

(1980 - 2015)