Ëmmer virun de Walen ...

FËNNEF VIR ZWIELEF

 

Et ass elo fënnef vir zwielef,

Sou soen se, an d’Auer dréit,

Et wier héich Zäit elo, sou heescht et,

An et géif all Moment méi spéit.

Der Däiwel molen se un d’Mauer,

Et gëtt een him bal net méi lass,

An alles nëmmen, well se soen,

Dass et lo kuerz vrun zwielef ass.

 

An da rumouert et am Land hei:

Eng besser Zukunft fir eis all!

E séchre Wee, e gutt Gewëssen!

A méi sozial, op jiddwer Fall!

Jee, alles gëtt ubeemol anescht,

Well d’Walen, déi sti vrun der Dier,

A bei de Walen ass 't jo ëmmer

No hallwer direkt fënnef vir.

 

Jo, 't ass elo fënnef vir zwielef,

Mä waart mol, eng kuerz Zäitchen drop,

Gedëlleg dech eng zéng Minutten,

Ewell dann ass et fënnef op.

Dann huet den Däiwel sech berouegt,

An 't weess kee méi eppes dervun ---

An d’Welt, déi dréint gemittlech weider

Ewéi eng Véirelstonn virdrun …

 

 

(2009)