THEATER

 

Hei stees de all owes, de Rido geet op,

Den Orchester fänkt un an du bass gutt drop -

Du spills High Society a muench décken Här,

Du spills Politik an du spills Ministère …

Theater!

 

It’s show-time, my friends ! Mä ech gesi schwaarz,

Revue a Kabarä – 't ass alles fir d’Kaz!

Du weess schonn direkt, wann d’Luucht op dech schéngt

Dass alles dem Hond hanne fir d’Vrecken näischt déngt.

Theater!

 

Du méchs zwar déck Baken an zwou rose Fäischt,

Mä ‘t ass alles ëmsoss an ‘t notzt der guer näischt,

‘t bleift alles beim Alen, jo, huel Gëft do drop!

Sou einfach setz du och d’Welt net op d’Kopp.

Theater!

 

Jo Härgott, kuck ëm dech hei op denger Welt,

Jo Härgott, hei kriss de genuch fir däi Geld!

A geet alles an d’Box, wat wëlls de da maachen,

Wat bleift der do anescht wéi driwwer ze laachen …?!

Theater!

 

 

(2004)