MÄIN INDEX, DÄIN INDEX

 

Soubal ee „sozial“ seet, dat kléngt ni geheier,

Beim Index deet dat an den Oure scho wéi:

't gëtt d’Mëllech mol dräi Cent um Liter méi deier,

Da kréien déi Déck dofir zwee Euro méi.

Tja, 't läit eben an der Natur vun all Wollef,

Déi Mickreg a Goureg, déi loossen e kal,

All Wollef, dee krut sech nach ëmmer gehollef,

An dat nennt hien dann och nach houfreg „sozial“.

 

Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech hunn näischt z’iessen,

Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech muss dech friessen!

 

Da looss se, déi inflationär Inflatiounen,

Da looss se dach nëmmen, mir fleeten dorop –

Well bréngt och den Index 'rëm kéipweis Milliounen,

Fir dech a fir mech geet déi Rechnung ni op.

Jo, d’Mëllech gouf dräi Cent um Liter méi deier,

De Wollef ass Wollef, hie laacht sech an d’Fäischt,

A kléngt dat „sozial“ him och net ganz geheier,

Op deem Ouer héiert e schlecht a bal näischt.

 

Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech hunn näischt z’iessen,

Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech muss dech friessen!

 

 

"HÄPPI LËTZEBUERG" - (2009)