ALL KÉIER UM KONVENIAT

 

Et gëtt all Dag jo esou muencher een, dee stierft,

Mä virdrun huet e mol nach ni richteg gelieft.

En hat sech aus der Welt hei selwer ausgespaart,

E gong an de Keller an huet do gelaacht,

E wor och nach ni op jonk Schéckse versiess,

Huet ni bei dem Wiert de Feierowend vergiess,

Jee, d’aarm Sau hat nach ni eng richteg gedréit,

Mä lo gëtt en de Läffel of – lo ass et ze spéit …

 

Du kënns jo vill doruechter,

Da so, wann een dech freet:

Deen aarmen Däiwel deet mer

Mol net fir zwee Su leed.

 

Deen aarme Vull! D’Moral huet en erdréckt,

En ass a senger gudder Kannerstuff erstéckt,

E wosst net méi, dass mol seng Lëmmelsjoren

Déi flottst a sengem ganze Liewe woren.

En huet just fonctionnéiert, schéi brav a gerecht,

En ass mueres nëmme just fir seng Aarbecht erwächt,

Huet de ganzen Dag gemuerkst an owes geknéckt

An ass mam Aasch op de Suen och nach do dran erstéckt.

 

All Kéier um Konveniat

Do freet ee sech et dach:

So héier, op wat waarden

Mir dann am Liewen nach?

 

Wou ass an dengem Liewen da fir dech selwer Plaz?

Verspill net deng Joren, well soss wor alles fir d’Kaz.

Rësel un dengem Hellegeschäin a gëff him e Coup,

Denk mol einfach un dech a sief einfach nëmmen Du!

Mir sinn dach blouss en Nomëtteg op dëser Welt,

An da kraz de of, zwar mat guddem Gewëssen a Geld,

Mä wéi sëtzt een am Himmel do, et wier dach schued,

Wann een nëmmen dout ass an näischt ze verzielen huet?!

 

Ah jo, Kolleg, verhal dat,

Et wier ons eege Schold,

Sou eppes huet den Härgott

Dach och nees net gewollt.

 

 

 

"HÄPPI LËTZEBUERG" (2009)