MËNSCH, DU AREM LOUDER !

 

D’Zäit vun haut, déi ass signéiert

«Par la grâce du Kapital»,

Aktien, Dividendë stëmmen,

Mä de Mënsch, dee léisst se kal.

D’Zäit vun haut, déi ass signéiert

«Par la grâce du Kapital»,

Mä de Mënsch, déi arem Louder,

Léisst se kal, déi fein Moral!

 

Dioxin, Nitrat, Hormonen,

Minimal - mäi Gott, wat ass?

Well du kanns dach sécher gierksen,

Firwat häss de soss eng Strass?!

Dioxin, Nitrat, Hormonen,

Minimal - mäi Gott, wat ass?

Dobei huet deen dommste Kueb nach

Ni säin eegent Nascht beschass.

 

A geet eis Natur och kappen –

So, wat ass dat da scho géint

Deem industrielle Bilan,

Dee sech a Milliarden dréint?

Jo, geet eis Natur och kappen,

Dat ass dach guer näischt dogéint …

Iesel! Mä dës Welt hu mir dach

Vun de Kanner blouss geléint.

 

Sprengkäpp, Becquerel an Drogen,

Dat hues du och gutt verstan,

Mä de Mënsch geet bei der Däiwel,

Jo, de Mënsch, dee klaakt der d’Pan.

Sprengkäpp, Becquerel an Drogen,

Dat hues du och gutt verstan,

A keng Maus kéim mol op d’Iddi,

Fir eng Mausfal sech man.

 

D’Kapital, dat werft seng Zënsen –

D’arem Louder, déi hat Pech,

An dee leschten, dee mécht d’Luucht aus,

E bezilt – a schnell ewech!

D’Kapital, dat werft seng Zënsen –

D’arem Louder, déi hat Pech …

D’Zënse jéngren Zënseszënsen,

Fir de Fortschrëtt??

Gees d’ ewech!!!

 

 

(1998)