D'LIEWEN ASS E KAARTESPILL

 

Deen éischten hëlt de Pak a stéckelt,

Deen zweete schmuunzt fir sech an hieft –

't huet jiddweree schonns d’Kaarteraibren

An déckem Féiwer materlieft.

Ee stéckelt, een hieft, nu stell ferrem däi Mann,

Well gläich sëtz de och an der Parti mat dran.

 

Kuck, Äss a Bauer, Damm a Kinnek,

Si laachen heemlech sech an d’Fäischt,

Well ginn déi Kleng och uerg gezauselt,

Déi Déck, o jee, déi spieren näischt.

A reizt een de Kaartendësch nach esou dacks,

Den Här bleift den Här an de Max bleift de Max.

 

D’Liewen ass e Kaartespill,

Kuck net ëm a bleif um Dill!

Häerzer, Schëppen, Kräizer, Rauten,

Jiddwer Streech, deen huet seng Stauten –

A Schwaarz Péit’re ginn et vill

An deem grousse Kaartespill …  

 

Déi bëlleg Kaarte musse passen –

't fält keen am klenge Vollek op.

Souguer eng Aacht oder eng Zéngtchen,

Déi dréien d’Welt och net op d’Kopp.

Déi Déck a Geschrimmegt, déi päifen de Schratt

An d’Zweetchen an d’Drëttchen, déi dabbren alt mat.

 

De Stippi ower, 't ass e Luussert,

Hie weess, wat hei am Konschtstéck gëllt:

E spillt de Schallek, dee sech selwer

Net all ze eescht a wichteg hëlt …

Duerfir frësst dee Kärel all Streech romp a stomp,

De Stippi, deen ass an e bleift ëmmer Tromp!!!

 

D’Liewen ass e Kaartespill,

Kuck net ëm a bleif um Dill!

Häerzer, Schëppen, Kräizer, Rauten,

Jiddwer Streech, deen huet seng Stauten –

A Schwaarz Péit’re ginn et vill

An deem grousse Kaartespill …

 

 

"ABEE MERCI !" (1987)