Am Joer 2001 presentéiert de Carlo Wagner, Gesondheetsminister, säin neie Spidolsplang, deen e.a. virgesäit, dass bis Enn 2004 d'Kliniken nëmme méi 5 Better pro 1000 Awunner hunn.

A wéi am RTL-Vakanze-Spill "D'Zäit leeft", gëllt et elo, als éischten dat leschte Bett ze kréien ...

D'ZÄIT LEEFT

 

D’Auer schléit, ob dir et gleeft

Oder net, mä d’Zäit déi leeft,

Bass de krank, kënns d’ op den Hond

A mir stierwen eis gesond.

 

Eise Staat, deen investéiert

Tonnen a milliardeweis

Iwwerall a ronderëmmer,

Ower net genuch an eis.

 

Eis Gesondheet ass kee Luxus,

Sief s’ och rabbleg, sabbleg, kleng,

Eis Gesondheet ass kee Business,

Ewell jiddw’reen huet blouss eng.

 

‘t dierften nëmme Stierweskranker

An der Politik ze sinn,

An da wéissten all d’Milliounen

An d’Milliarden och wouhin.

  

D’Auer schléit, ob dir et gleeft

Oder net, mä d’Zäit déi leeft,

Bass de krank, kënns d’ op den Hond

A mir stierwen eis gesond.

Bass de krank, kënns d’ op den Hond

An du stierfs dech da gesond.

 

 

2001 - REVUE "Afenzirkus" - Musek: Guy Kleren