DATESCHUTZ ?

 

Wéi al, wéi schwéier a wéi grouss,

Wéi vill am Kapp, wéi vill am Fouss,

Perséinlech Daten,

Welleche Bluttdrock, wellech Pai,

Bis an de Beichtstull, déi mir hei

Fir eis just haten.

Mä haut ass alles jo total

Globaliséiert a global

An et gehéiert

Ee sech scho laang net méi eleng,

Du gëss vun aneren, wat eng,

Ebe geréiert.

 

Si reechen dech fir de Profit

Un deen, dee grad am meeschte bitt

Duerch d’Welt rondrëmmer.

D’Demande ass grouss, gleef mir et, an

Een deen dech grad gebrauche kann,

Dee gëtt et ëmmer.

Wat sinn ech wäert um fräie Maart?

Wat bréng’n ech hinnen an? Da waart,

Ech gi mol froen ---

Mä s' laache just, man d’Dier nees zou

A loossen dech einfach esou

Um Trottoir stoen.

Mä s' laache just, man d’Dier nees zou

A loossen dech einfach esou

Um Trëttoir stoen.

 

 

( 2009 )