UM FLIPPER

 

En Teen an en Twenny mat net ganz vill Bock

Am Look vun dem Old Jack the Ripper,

Blo-stéckzegen Tubaksdamp, gäilhaarde Rock,

Dat ass déi grouss Welt vun dem Flipper.

De Béier schmaacht wootlech, an d’Juke-Box leeft aus,

‘t ass Fei’rowend, ‘t geet lo zum Rescht -

De Wiert, dee geheit nach e Vollert eraus,

Mä komm, elo ma’ mer déi lescht!

 

Well d’Chance, déi kennt keng Auer,

Wee weess, villäicht méchs du

Mat dengem leschten Zwanz’ger

Elo de grousse Coup?!

 

Ewéi eng Bull am Flipperspill,

Sou jaufs de hei rondrëmmer:

Bei engem rabbelt et net vill,

Bei anere bal ëmmer.

Op allen Ecke fiers d’ ewech,

Well et gëtt haart gespillt,

An hues de an der Parti Pech:

Game over, out an Tilt!!!

 

 

A kuck, wéi et bottert, a kuck, wéi et fluppt,

Wa jiddree seng Punkte marquéiert

An dacks hannen’rëm, ouni Pardon, korrupt,

Seng Stongen an d’Täsch akasséiert.

Ewell fir en Décken do raibert schonn d’Bull

Mol schwaarz, a mäi Gott, illegal -

Mä nëmme keng Panik, a kuff brav deng Schmull,

Well hei ass keng Plaz fir Moral.

 

Jo, Carrière ass Gesetzbuch,

Katchëssem de Profit,

Et zielt deen déckste Bonus,

A ween e Fräispill kritt.

 

Ewéi eng Bull am Flipperspill,

Sou jaufs de hei rondrëmmer:

Bei engem rabbelt et net vill,

Bei anere bal ëmmer.

Op allen Ecke fiers d’ ewech,

Well et gëtt haart gespillt,

An hues de an der Parti Pech,

Hues de deng Chance gekillt,

Da flipps de aus, da fiers d’ ewech:

Game over, out an Tilt!!!

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)