GUTT NOPEREN

 

Als Noper do erliefs de villes …

Ewéi dee klengen Hond déi Säit,

Deen nieft dem Haus mat Schank a Ketten

Bei Reen a Stuerm ze schnaddre läit -

Wéi d’Fra, déi sou verschotert drakuckt

A sech kaum weist, mat kengem riet,

A wann deen Alen nuets bis heemkënnt,

Dann héiert d’Gaass, wéi si sech wiert -

An niewendrun dat kleespert Kand,

Dat hallef plakeg an zerschannt

 

Do sëtzt an net weess, wéi gespillt gëtt a kräischt ---

Jee, ‘t héiert, ‘t gesäit een an ‘t seet een och näischt …

 

Pardon? Wat sot Der? ’t gouf dës Nuecht hei

Bei mengem Noper agebrach?

Mäi Gott, du läis jo och net éiweg

Mam Ouer bei dem Schlëssellach.

Vläicht just emol duerch puren Zoufall,

Dass ech hannert de Luede stinn

An dass ech dann eemol zoufälleg

Dat Klengt vun uewenop gesinn,

An dat bréngt da rëm just an deem

Ablack ee fir an d’Bett mat heem ...

 

Tja, hu mer och soss näischt, da wéinstens Beschass -

Beschass ass dat eenzegt, wat Noperschaft ass.

 

Ah, ‘t huet ee vill där gudder Nop’ren,

Well d’Haus ass grouss, an ‘t kennt ee keen -

Hei riets wunnt deen, deen ëmmer d’Dier klaakt,

Mä d’Diere klaakt bal jiddwereen.

Um „13“ misst och eppes hausen -

Mä jee, et kuckt een ni dohin,

Just vun dem „11“, dach, do hues de

Alt scho mol Wäsch um Drot gesinn.

An dann deen eel’re Mann dernieft -

Ob deen alt iwwerhaapt nach lieft?

 

Do fält mer lo an, elo wou een et seet,

Dass d’Dreckskëscht vun deem scho laang eidel do steet …

 

All Mënsch denkt ebe blouss u sech,

Just ech eleng denken u mech

 

An sou brauch een Noper där anerer keng:

Gutt Noper, dat ass ee blouss ëmmer eleng …

 

 

"HÄPPI LËTZEBUERG" (2009)