Et ass ewéi eng Science-Fiction
Mam Alien oder mam E.T.,
Dee Bléck do duerch de grousse Kosmos
Vu Galaxie op Galaxie,
Bis hannenhin an dann nach weider,
Wéi wäit, dat gi mer ni gewuer –
Ech menge ganz, do huet den Härgott
Scho laang den Iwwerbléck verluer.
Och d’Zäit, dat ass en Universum,
Ewell déi Zäit ass scho wéi laang
Mat klengen, klinzege Sekonnen
Eng no där anerer am Gaang.
An all déi, déi nach komme wäerten,
Well no all Haut do gëtt et muer –
Ech menge ganz, do huet den Härgott
Scho laang den Iwwerbléck verluer.
An trotzdem fillt dach jiddweree sech
Als eenz’gen Nuebel, deen et gëtt,
Well all dat anert ronderëmmer,
Wat wor a kënnt, dat zielt do net.
't ass nëmmen haut an hei, wou d’Welt dréint,
D’Onendlechkeet ass Phantasie –
Ech mengen, Härgott, neen, mir haten
Dee richt’gen Iwwerbléck nach ni …
Nee wierklech, Härgott, neen, mir haten
Dee richt’gen Iwwerbléck nach ni …