Op Single-Disque mat dem  Albert NERINI / 1982 :                                                                                                                                                                "Du gudde Wéngchen"  an  "De lëschtege Wäigeescht" / Musek: Franz P. Holler

DU GUDDE WÉNGCHEN

 

Bestëmmt wor den Härgott e Miselerfrënd,

Well hien huet gläich deen éischten Dag

E Wéngert mat Riewen an Drauwen a Sonn

Fir eis laascht d’Musel gemaach.

Esou geet seng Aarbecht méi fléck du vun Hand

A mécht him och ëmmer méi Spaass –

De siwenten Dag setzt hie sech zur Rou

An hieft voller Freed säi Glas.

 

Refrain:            Du gudde Wéngchen,

Laachs mech un an hopp! an d’Faass!

Komm, looss dir net fléiwen,

't ass fir sech an dech ze verléiwen!

Du gudde Wéngchen,

Laachs mech un an hopp! an d’Glas!

Jo, sou soll et bleiwen

An dat bis an all Éiwegkeet.

 

 

An haut nach, eis Welt dréint scho laang ronderëm,

't sinn Dausende Joren duerno,

De Wéngert an d’Riewen, si bléien nach gär,

An och säi Faass läit nach do.

A sëtzen ech owes gemittlech am Eck,

Op eemol da kommen ech mir

Mam Bléck op eis Musel beim Glies-che Wäin

Wéi deemools den Härgott vir …

 

Refrain:            Du gudde Wéngchen,

Laachs mech un an hopp! an d’Faass!

Komm, looss dir net fléiwen,

't ass fir sech an dech ze verléiwen!

Du gudde Wéngchen,

Laachs mech un an hopp! an d’Glas!

Jo, sou soll et bleiwen

An dat bis an all Éiwegkeet.

 

 

De Wéngchen, dee fonkelt nach laang aus dem Glas,

Bestëmmt nach bis d’Welt ënnergeet –

De Péitrus rifft dann all seng Helleg erbäi,

Wéi an der Bibel et steet.

De Jéngster Dag feire mir da mateneen

Bei ons op der Miselerkopp,

Da schloe mir stolz fir d’ganz Weltgeschicht

Dat bescht Faass am Keller op.

 

Refrain:            Du gudde Wéngchen,

Laachs mech un an hopp! an d’Faass!

Komm, looss dir net fléiwen,

't ass fir sech an dech ze verléiwen!

Du gudde Wéngchen,

Laachs mech un an hopp! an d’Glas!

Jo, sou soll et bleiwen

An dat bis an all Éiwegkeet.

 

 

Albert Nerini / Musek: Franz P. Holler / 1982