De Mënsch besteet aus kéipweis Stécker,
Mol kleng a reng a mol méi décker:
Déi baussen ’rëm, déi een all Woch
E puermol wäsche muss, mä och
Där, déi een net sou kucke kann,
Ewell déi stieche bannendran.
An hëls de dech vu Kapp bis Fouss
Ass d’Chance dach reng statistesch grouss,
Dass ëmmer iergendeppes do
En panne fält, an da klappt et jo,
Sees: Gnod vum Himmel, Gott sei Dank,
Ech sinn derbei, ech sinn nees krank!
Well huel dach blouss déi Glécklech all
Beim Dokter an dem Wartesall:
Mat Galesteng an Sciatiken,
Thrombosen an all Zort Kolliken,
An all déi Nimm, déi hien der seet,
Där, déi ee spiert, mä net versteet,
Schonn ’leng den Numm, deen deet der wéi
An op laténgesch nach vill méi.
Mä och dat wat dee klenge Mann
Sech zwëschenduerch mol leeschte kann
Soll gutt fir deng Gesondheet sinn
A ka Satisfaktioun der ginn:
E Rass iergendzwousch an der Säit,
E Stiech, wou Gott weess wat do läit –
A virun allem wat s de mengs,
Wann s de per hasard just drun denks,
Et ass een op der Äerd heinidden
Dach scho mat wéinegem zefridden.
Da gëtt gekeimt, da gëtt gewéimert,
Sech kromm gehalen a gejéimert,
Du stees am Mëttelpunkt elo,
Du klos, an alles lauschtert no,
A kuck dann och nach sauer dran,
Dass jiddreen dech bedaure kann ...
Jee, all ze wéi, dat deet et net,
Mä d’Haaptsaach ass, et huet een et.
An d’Therapie, jo, denk dorun,
Déi fänkt am Wartesall schonn un.
Am beschte setz de dech bei d’Dier
A léiss déi aner dann all vir,
Esou gesäis d’ all Véirelstonn
Den Dokter, an dat hëlleft schonn,
Well dacks do ass d’Psychologie
Jo och eng Saach vu Phantasie …
Mä 't sief, all Bäbbi, Tun a Jemp
Kritt Depressiounen a Mokrämp,
All zweete muss an d’Analysen,
All drëtte baut all Mount seng Krisen -
Mä bass de nëmme just gesond,
Da kënns de séilesch op den Hond.
Well an der Rei, et ass verierflech,
De Mënsch ass leider net onstierflech,
Mä ’t kann net sinn, dass een um Schluss
Och nach de Läffel ofgi muss,
Fir endlech mol e wéineg dat
Ze kréien, wat een nimools hat ...