SI PÄIFEN NET MÉI

 

Als jonkt Meedchen, do huet et mech schonn ameséiert,

Du hues et no an no souguer selwer inszenéiert,

Du hues deng Figur ëm dech en valeur gesat,

An den Outfit, deen huet dann de Rescht gemat,

Du hues s‘ all gezeckt, hues mat hinne gespillt,

Du hues der se quasi der Rei no gezillt.

 

Well géi emol iergendwou laascht eng Stee

Beim Schëld vun „Défense d’entrer au chantier“,

Ah Meedchen, huel Gëft drop, jo, da sti se do

Zu hirer wéi vill a se päifen der no.

 

Neen, sief dach net domm a kuck blouss ronderëmmer,

D’Natur ass d’Natur an d’Natur, déi zitt ëmmer.

Fro mech, well eng Zäitchen drop gouf ech bestuet,

Mä do ass et, wou et nach méi geschmeechelt huet.

Du méchs zwar, ass wier et guer net fir dech,

An trotzdem genéisst d‘ et dach ënnerlech.

 

Well ëmmer stongen der nees op der Stee

Beim Schëld vun „Défense d’entrer au chantier“,

Aha! Esou duecht ech da ganz arrogant,

Nu kuck emol do, ech sinn nach intressant!

 

A gleef mer, där heier Choreographien,

Dat sinn se, déi beschte Psychotherapien,

Well hong mäi ganze Biorhythmus mol schif

Oder wor mäin Ego nees staark depressiv,

Da gong ech flott flippeg a labber duerch d‘Strooss

An hu meng Alentourë spille gelooss.

 

An ëmmer stongen der nees op der Stee

Beim Schëld vun „Défense d’entrer au chantier“,

Déi hunn dech rëm reaniméiert krut,

Voilà, an d’Moral, déi wor nees an der Lut.

 

Jee, 't huet dech e Liewe laang flott ameséiert,

Du hues et wéi gesot souguer selwer inszenéiert,

Mä haut ass et net méi esou wéi et wor,

't ass iergendwéi anescht wéi virun zwanzeg Jor.

Huet d’Zäit changéiert? Oder villäicht gëtt haut

Och net méi sou vill doruechter gebaut?

 

Ech trëpplen zwar gär mol nach laascht eng Stee

Beim Schëld vun „Défense d’entrer au chantier“,

Mä 't ass scho gelungen, ech weess och net wéi,

Du trëppels do laascht, mä si päifen net méi …

 

 

2008 - REVUE "Auszäit" - Musek : Erny Delosch