Sonndes, 27. August 1995 : déi legendär "Rolling Stones" spille viru 60.000 Leit op engem Feld um Kierchbierg ...

ROLLING STONES

 

Zitt är Käpp an, Open-Air,

Steng, déi rullen – Chute de pierres!

CFL a Park-and-Ryde

Transportéiren Tonne Leit

Dräispuereg iwwert d’Rout Bréck

Hannenaus an d’Gromprestéck,

Well haut sinn – hopp, tommelt Iech!

D’Rocky Mountains um Kierchbierg.

 

Honnertzwanzegdausend Been

Drudd’le sech do duercherneen,

Bäich an Hënn're gi geschautert,

Déck Décoll'téën zerknautert,

A voilà, herno steet hei

Alles an der éischter Rei.

 

Aus de fréi’re Pubertären

Goufe Midlife-Crises-Hären.

De Mick Jagger, de Ron Wood,

De Keith Richards, dee mam Hutt,

And the Charlie Watts, yes, he

He drums op der Batterie.

„Start me up“ a „Fool to cry“,

„Jumping Jack Flash“, „Sparks will fly“,

„Sweet Virginia“ a „Connection“,

„Love is strong“ a „Satisfaction“ -

A bei sou vill Mega-Watt

Wackelt d’Héichhaus och alt mat.

 

An daags drop seet d’Gromprestéck

„She was hot“, mä wat e Gléck

„Back to Zero“ , „Heaven“ – ouauhh!

„Angie“, „It’s all over now“ ...

 

 

(1995)