KULTURELLES

 

E Philosoph, neen, dee steet net

Op Striptease, wann et däers mol gëtt,

Wéinst hire Jippelcher a Klucken,

Mä just, fir rondrëm d’Leit ze kucken.

’t ass allgemeng an am Speziellen

Och d’selwecht an dem Kulturellen:

Theater, Konzert, dat gëtt ëmmer

Kultur blouss mat de Leit rondrëmmer.

 

D’éischt dee sech net beim Houschte packt,

An nach emol net an dem Takt,

Dann dat bei jiddwer Topegkeet

Nees gackert a seng Eeër leet,

Lénks niewent der, deen huet de Schnapp,

Dee virun der en décke Kapp,

Riets gëtt Pabeier lassgewéckelt,

Da kënnt d’Kamell, déi wéi laang kréckelt,

Deen hannert der mécht Kommentären,

Fir senger Fra d’Kultur z’erklären,

A wann dann d’Geie Gei bis spillen

A sech sou ganz grazioso fillen,

Ass hien zwar fäerdeg, ower hatt,

Hatt summt der lo an d’Ouer mat ...

 

Voilà, ob Striptease, ob Kultur,

D’Leit ronderëm, déi gi sat duer.

 

 

 

"HÄPPI LËTZEBUERG" (2009)