D'HAUTE-VOLÉE VUM BAUERENHAFF

 

Op der schéinster Mëscht am Duerf

Ass den Hunn den Hunn am Kuerf,

A seng Kräid schwëllt him mat senger

Ganzer Prëssessioun vun Hénger,

Déi mat Fiedren a mat Plommen

Hien erotesch zecke kommen -

Jee, dovunner dreemt all Kluck,

Wéi de Macho aus dem Juck

Rondëm d’Hénkle kokettéiert,

A säin Ego da floréiert.

 

Kënns de da mol op den Haff,

Kucks de grouss a bass de paff,

Well et ass de Stolz vum Duerf,

Sou en Hunn als Hunn am Kuerf

Mat rondrëmmer träppweis senger

Sexy flott gestylten Hénger.

 

Eng Kanéngchen ass do méi

Schickeria an dem Stréi,

Ganz mondän hei hannerwands,

Héije Standing, Eleganz,

Lifestyle, bal net ze bezuelen,

An dem Hee mat Grompreschuelen,

Well si hofft jo, dass hir Rass

Eng mat bloem Blutt vläicht ass

A si wier – du bass nees paff -

Da gläich zweemol eng vum Haff.

 

Ower d’Weltgeschicht, déi seet der:

Schickimicki, dat vergeet der,

Och de Stolz, deen ass vergänglech,

Houfert ass net lieweslänglech,

Well hu s’ all genuch ëm d’Rëppen,

Kënnt de ganze Stolz an d’Dëppen ...

 

 

(2005)