GESANK

 

Jong, ah neen, du gleefs et net,

Wat dohier gesonge gëtt!

 

Waards de bei dem eidlen Teller,

Muss de owes an de Keller,

Weess de an der Walkabinn

Mat de Kräizer net wouhin,

Viru Feierowend d’Flemm,

Zackeg Mossen an der Schwämm,

Steet deng Strass poulriicht am Schluet,

Gouf deng Fra fir d’zweet bestuet,

Krus de endlech an der Pei

Och mol Index nees derbei,

Ass deng Mod am Négligé

An de Bauer grad am Hee,

Läis de plakeg an zefridden

Laang a breet an der Buedbidden,

Häls d’ um Hais-chen non public

Eng Séance académique ---

 

Iwwrall man se monter duer,

Arien a Koloratur!

 

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)