OWESGEBIET

 

’t ass elo dobaussen Nuecht,

Mound a Stären hale Wuecht,

Mä so merci, well et war

Haut erëm e flotten Dag.

Kuck, eis brav Schoulkanner, déi

Wëssen e puer Verbe méi,

An de Cactus, deen hat nees

Wéi gewéinlech eng voll Keess.

 

Deng Pensioun, déi ass elo

Alt erëm een Dag méi no,

An du goufs voll Freed fir muer

D’knaschtegt Wieder scho gewuer.

Krus de Bëtong haut gemaacht,

Dann ass deen lo scho méi haart,

Och de Kapp vu mueres fréi

Huet sech ginn a brommt net méi.

 

Deng Zalot am Gaart ass lues

Nees eng Grimmelche gewuess,

An hunn zwee Stéck sech haut kritt,

Ass 't lo scho bestëmmt geschitt.

Duerfir schlof gutt, well et war

Haut erëm e schéinen Dag,

Dreem lo séiss, mä schnaarch blouss net,

Well ‘t soss eng an d’Schinne gëtt!

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)