DER JÉNGSTER DAG

 

De Moses, de Figaro, d’Marylin Monroe,

D’ganz Weltgeschicht mécht haut hir lescht Botterfahrt -

De Goethe, de Winnetou mam Jang de Blannen,

Haut kritt ee se gratis um leschte Floumaart.

De Rembrandt, de Yuppi, déi zwielef Apostlen,

Den Tarzan, d’Ostfriesen a mir alleguer,

D’Mumm Séiss, de Columbus, de Max an de Moritz,

De Popeye, den Hitchcock, de Ben an den Hur.

 

O mei, wat gëtt dat rëm, Grand-Duché,

En Duercherneen um Jéngster Dag!

Da lafen se hei all zesummen

Mat Luxair a mat Demy-Car.

De Vatikan, dee sponsert alles,

An d’Force Publique, déi ass nees drun

Beim leschte Sommet vun all deenen,

Déi onser Welt déck Stéiss ginn hunn.

 

Den Caesar, de Robinson an de Pankratius,

De Louis XIV, d’Pippi Langstrumpf, den Dicks,

Den Tell, de Pinocchio an och d’Melusina,

D’Maus Ketty, de Sokrates mam Astérix,

Den Tunnes a Schäl, d’Cleopatra, de Shakespeare -

De Mozart an d’Sai vun dem Kuelbecherhaff,

Den Einstein, d’Miss Marple a Jänni a Männi --

Nee, Welt, so, wat woors de e witzege Kaff!

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)